Virun allem um internationale Plang huet de Pierre Cao eng weesentlech Roll gespillt, wéi de Chefredakter vum Onlinesite Pizzicato, Remy Franck, am 100,7-Interview erkläert.
Säi Liewen
De Pierre Cao kënnt vun Diddeleng, aus enger italieenescher Aarbechterfamill. Am Ufank huet et net duerno ausgesinn, wéi wann d’Musek säi Liewe kéint dominéieren. Hien hat nämlech bei der Wäschmaschinnefirma Zuang ugefaange mat schaffen.
Eng Tuberkulosediagnos mat engem Openthalt an engem schwäizer Sanatorium sollt säi Liewen a jonke Joren änneren. Hei huet hien de Komponist an Dirigent Michel Corboz kennegeléiert. De Pierre Cao huet decidéiert, Musek ze maachen. Hien huet ënner anerem um Conservatoire vu Metz studéiert.
De Pädagog
An et goung séier. 1960 scho gouf hie mat 23 Joer Chef vun der Diddelenger Museksschoul. Niewebäi huet hien eng Partie Chéier dirigéiert an och Course geholl, souwuel an der Direktioun wéi an der Kompositioun um Conservatoire royal zu Bréissel. Duerno huet hien all méiglech Weiderbildungen an der Direktioun gemaach.
Spéider huet de Pierre Cao am Escher Conservatoire a bis zu senger Pensionéierung 1997 am Stater Conservatoire enseignéiert. Och duerno huet hien nach vill Meeschtercoursë fir Direktioun ginn, zu Lëtzebuerg an am Ausland.
Den Dirigent
Tëschent 1969 an 1978 war hien nieft dem Louis de Froment den zweeten Dirigent vum deemolegen RTL-Orchester. Esou war hien 1973 och um Dirigentepult, wéi d’Anne-Marie David mat “Tu te reconnaîtras” de Concours Eurovision de la Chanson fir Lëtzebuerg gewonnen huet.
Duerno huet hien och den OPL ëmmer erëm dirigéiert. Dat fir den traditionelle Chrëschtconcert, mee och op Nationalfeierdag Déi Festivitéite stoungen zënter 2014 bis 2023 ënner der musikalescher Leedung vum Pierre Cao.
De Pierre Cao huet a sengem Liewen onzieleg Ensembelen am Ausland, mee och zu Lëtzebuerg dirigéiert. Notamment vun 1985 un “Les musiciens”, wat spéider den “Orchestre de chambre du Luxembourg” gouf. 1992 hat hien och den INECC mat gegrënnt, den Institut Européens du Chant Choral.
Meeschtens huet hie mat Amateurchéier geschafft. Deen éischte professionelle Vokalensembel, deen hien 1999 gegrënnt a bis 2014 dirigéiert huet, war de Ensembel Arsys Bourgogne.
De Laureat
2022 hat hien den éischten nationale Musekspräis fir säi Liewenswierk kritt. A fir säi Liewenswierk gouf de Pierre Cao och op Nationalfeierdag 2024 ausgezeechent.
An eiser Emissioun Musek am Gespréich war de Pierre Cao am Juli 2020 zu Gaascht. Lauschtert hei d'Gespréich mam Dirigent.