search

/ Ierpeldenger Gemengerot stëmmt iwwer weider Nordstadgespréicher of

Lokales

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ierpeldenger Gemengerot stëmmt iwwer weider Nordstadgespréicher of

Haut um Donneschdeg den Owend kënnt de Gemengerot zu Ierpeldeng nees zesumme fir ze decidéieren, ob een d’Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun wäert weiderféieren.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Gemeng Ierpeldeng-Sauer
(Foto: Gemeng Ierpeldeng-Sauer)

Well Bettenduerf sech aus dem Nordstad-Fusiounsprojet zeréckgezunn huet, hunn déi aner 4 Gemenge missten nach eng Kéier driwwer ofstëmmen, ob se dann elo zu 4 wëlle Fusiounsverhandlunge féieren.

De Buergermeeschter vun Ierpeldeng ass fir d’Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher. Wann et a sengem Gemengerot nees eng Pattsituatioun gëtt, zielt seng Stëmm duebel, an déi ass dann decisiv. Awer just fir déi nächst Méint. Et geet an der Sitzung nämlech och ëm d’Ofhale vun engem Referendum am Hierscht an der Gemeng, erkläert den éischte Schäffen de Fränk Kuffer.

"Mir hätte gär, datt de Wieler eis seet, wat mer solle maachen an datt mer eng Kéier do Rou drakréien an eng Kéier hoffentlech dann och Eestëmmegkeet, ob mer weiderfueren oder ob mer sollen ophalen."

Frank Kuffer hofft op e Weiderfuere vun de Fusiounsgespréicher

Hannergrond zu deem Revirement am Ierpeldenger Gemengerot ass de Projet vun enger Wandmillen déi no bei Bierden soll op Ettelbrécker Territoire gebaut ginn. Wann d’Recoursen dogéint vun de Geriichter verworf ginn, da kéim déi egal wéi betount de Fränk Kuffer, deen awer versteet, datt d’Leit net frou driwwer sinn. Hien hofft elo datt d’Bierger sech an deem Referendum fir d’Weiderféiere vun de Gespréicher ausschwätzen.

"Ech kann de Leit nach keng grouss Projete soen, ech soe just waart of. A 27, wann näischt um Dësch läit, wat Iech positiv erschéngt fir äert Duerf, fir Är haiteg Gemeng, jo da stëmmt dogéint."

Ierpeldeng läit tëscht Ettelbréck an Dikrech. Dohier ass d’Positioun vun den Ierpeldenger Bierger an engem méigleche Referendum am Hierscht determinant fir de Projet Nordstad, betount de Fränk Kuffer.

play_arrow Lauschteren