Radioen

On air

Notturno  |  Vanishing Twin - Marbles

play_arrow Live
search

/ De Geert Wilders krut keng Regierungskoalitioun zu stan

Holland

De Geert Wilders krut keng Regierungskoalitioun zu stan

An Holland sinn d‘Koalitiounsverhandlunge vum Riets-Populist Geert Wilders gescheitert. Hien huet mat dräi anere rietse Parteie Gespréicher geféiert.

auto_stories

1 min

Eng dovun, d‘Mëtt-Riets-Partei NSC, sot, si géif sech zréckzéien. Wéi et elo viru geet ass onkloer. Eng Méiglechkeet wier eng riets Minoritéitsregierung.

Bei den hollännesche Parlamentswalen am November zejoert war dem Geert Wilders seng riets-extreem Anti-Islam-Partei stäerkste Kraaft ginn, si hat awer kéng Majoritéit kritt.