Mam Yann Tonnar als President hätt d’Filmakademie sech als stabil an aflossräich Institutioun an der Lëtzebuerger an internationaler Filmindustrie etabléiert, huet d’ASBL matgedeelt. Och den neie President vun der Filmakademie Fred Neuen deelt dës Meenung.
“Je suis honoré d'accepter ce poste et reconnaissant de la confiance que m'accordent les membres de l'Académie. Le travail remarquable de Yann Tonnar a permis à l'Académie de devenir un pilier de la communauté cinématographique luxembourgeoise. Nous lui sommes reconnaissants pour ses contributions exceptionnelles au fil des ans.”
De Yann Tonnar war zënter 2019 President vun der Filmakademie. D’ASBL war 2012 gegrënnt ginn. Si huet haut 470 Memberen.
D’Filmakademie organiséiert ënnert anerem de Vott vum Lëtzebuerger Filmpräis.