Radioen

On air

Concert  |  Zwou Uropféierungen

play_arrow Live
search

/ De François Bausch geet mat an d'Europawalen

Europawalen

De François Bausch geet mat an d'Europawalen

De François Bausch geet fir déi gréng mat an d'Europawalen. De fréiere Minister huet dem radio 100,7 dat schrëftlech confirméiert. Als éischt gemellt hat et RTL. Anescht wéi RTL awer gemellt huet, géing hien net als Spëtzekandidat mat an déi Wale goen.

auto_stories

1 min

François Bausch | © European Union
François Bausch (Foto: European Union)

D'Tilly Metz geet fir déi gréng als Spëtzekandidatin an d'Europawalen. De François Bausch, d‘Tilly Metz an déi aner véier gréng Kandidate musse nach op engem Parteikongress den 16. Mäerz ofgeseent ginn.