Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De ChDN krut eng Pediatrie de proximité

Santé

De ChDN krut eng Pediatrie de proximité

De Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck huet vun haut un eng Pediatrie de proximité. Wéi d‘Direktioun vum CHdN an engem Schreiwes matdeelt, ass eng Equipe vu fënnef neie Pediateren agestallt ginn, déi déi existent Offer completéiere soll. Op deem Wee soll d‘Versuergung vun de Kanner am Ettelbrécker Spidol verbessert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Centre hospitalier du nord | © centre hospitalier du nord play_arrow
Centre hospitalier du nord (Foto: centre hospitalier du nord)

Daagsiwwer kënnen d’Kanner nämlech elo bei urgente Fäll direkt vun engem Pediater am CHdN kontrolléiert, respektiv behandelt, ginn. Dat wier bis elo net de Fall gewiescht, erkläert de medezineschen Direkter, Dr. Jean-Marc Cloos.

"Bis elo hate mir eng Equipe, déi hu mir och nach ëmmer, vu Pediateren, déi hir eege Praxis hunn an an hirer Praxis consultéiert hunn. Den Ënnerscheed ass, dat hei si lo Urgencen-Dokteren. Déi hunn, op d'mannst bis elo, nach kee vun deenen eng Praxis. Dat heescht do kann een also elo kee Suivi maachen. Dat ass wierklech nëmme fir d’Urgencen do."

An dat vun 8 Auer moies bis 8 Auer owes fir ambulant Pathologie vun de Kanner, also mëttel bis liicht Pathologien. Also déi net mussen hospitaliséiert ginn. Bei Urgencen ausserhalb vun deenen Horairen oder bei grave Fäll missten d’Eltere weider mat hire Kanner an d’Kannerklinik vum CHL an d’Stad goen, präziséiert den Dr. Jean-Marc Cloos.

"Et kann natierlech sinn, datt ee Kand kënnt, wat herno muss hospitaliséiert ginn, mee d’Hospitalisatioun ass nach ëmmer net bei eis an der Klinik. Mir hu keng Pédiatrie stationnaire, also keng Pédiatrie mat Better. Mee mir bidden an den Urgencen dann eben eng kannerfrëndlech Versuergung un."

24-Stonnen-Disponibilitéit an der Maternité

Déi fënnef nei Pediateren am CHdN sollen nieft der Pédiatrie de proximité, och 24 Stonnen op 24 disponibel si fir d’Ettelbrécker Maternité, erkläert de medezineschen Direkter vum CHdN. Déi hat zejoert am Abrëll provisoresch hir Dieren zougemaach wéinst engem Manktem u spezialiséierten Dokteren am Fall vun enger Urgence bei enger Gebuert.

Zwee Méint drop war d’Maternité vum CHnN mat engem iwwerschaffte Konzept nees opgaangen a gräift zanterhier bei Noutfäll op d’Expertise vum Service neonatologique vum CHL zeréck iwwer Télé-Consultatioun. Déi géing weider bestoe bleiwen, confirméiert den Dr. Jean-Marc Cloos.

Lauschterenplay_arrow