Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De CGDIS stellt seng Fuerderungen un déi nei Regierung

Bärbelfeier

De CGDIS stellt seng Fuerderungen un déi nei Regierung

Bis d’Enn vum Joer wäert de CGDIS bei bis zu 73.000 Asätz fir dëst Joer leien, schätzt de CGDIS-Generaldirekter an déi Zuel géif an den nächste Jore weider an d’Luucht goen. Dofir misst de CGDIS gutt opgestallt sinn, esou de Paul Schroeder de Freideg am Kader vun der nationaler Bärbelefeier am Groussen Theater.

auto_stories

1 min

De Rekrutement vu Beruffspompjeeën a vu fräiwëllege Pompjeeë misst weidergoen, wéi am Plan National d’Organisation des Secours virgesinn, war et eng vun de Fuerderunge vum CGDIS-Direkter un déi nei Regierung. Zil vum PNOS ass et, datt de CGDIS iwwerall am Land ka bannent 15 Minutten asazbereet sinn. De Käschtepunkt fir d‘Material, d‘Infrastrukturen an d‘Personal vum CGDIS läit dëst Joer bei bal 178 Milliounen Euro. 2025 sollen et 189 Milliounen Euro sinn.