Et handelt sech ëm een 32 Joer ale Mann, dee beim Accident schwéier blesséiert gouf an dann am Spidol gestuerwen ass, huet d‘Police op eis Nofro hin confirméiert. Déi genee Ëmstänn wéi et zum Accident koum sinn nach net bekannt.
D’Rettungsdéngschter, d’Police an d‘ITM wiere séier op der Plaz gewiescht an hunn eng Enquêtelancéiert. Ausserdeem kréiche Mataarbechter psychologesche Support.