Radioen

On air

Kultur um 5  |  Kultur

play_arrow Live
search

/ De Bob Bertemes huet sech fir d’Finall am Bommstousse qualifizéiert

Liichtathletik-Europameeschterschaften

De Bob Bertemes huet sech fir d’Finall am Bommstousse qualifizéiert

De Bob Bertemes huet sech bei der Liichtathletik-Europameeschterschafte zu Roum fir d’Finall am Bommstousse qualifizéiert.

auto_stories

1 min

Bob Bertemes | © picture alliance / Photoshot
Bob Bertemes (Foto: picture alliance / Photoshot)

Mat 20,23 Meter gouf hien de Siiwsten an der Qualifikatioun. D’Finall mam Bob Bertemes ass muer den Owend an der italieenescher Haaptstad.

D‘Leeferin Vera Hoffmann konnt sech iwwerdeems net fir d‘Finall iwwer 1.500 Meter qualifizéieren. An de Mëttelstreckeleefer Charel Grethen verzicht haut op en Depart bei de 1.500 Meter – hie war krank, an nach net ausgeheelt.