Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Luc Frieden ass zefridde mam Resultat vun der CSV

Europawalen 2024

De Luc Frieden ass zefridde mam Resultat vun der CSV

“Fir mech ass et eng Satisfaktioun, datt déi zwou Regierungsparteien d’Hallschent vun den Europadeputéierte stellen”: zwee fir d’CSV an ee fir d’DP, esou de Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden de Sonndeg den Owend spéit an enger éischter Reaktioun.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Bei den Europawalen 2019 war d’DP déi stäerkste Kraaft ginn. Bei de Wale gëschter war dat erëm d’CSV.

De Luc Friedenplay_arrow

"Ech si ganz zefridde souwuel als Lëtzebuerger Regierungschef wéi als CSV-President, datt d’CSV bei dëse Walen déi eenzeg Partei ass am Lëtzebuerger politesche Spektrum, déi zwee Europadeputéierte kritt huet. Dat ass eng Confirmatioun vun der Politik vun der politescher Mëtt. Och déi aner Sëtz – fënnef vu sechs Sëtz – ginn zu staark pro-europäesch Parteien zu Lëtzebuerg."

Generell géif hie feststellen, datt déi “politesch Mëtt” dat nächst Europäescht Parlament wäert dominéieren, esou de Luc Frieden.

De Premier an CSV-President huet gëschter Owend och däitlech gemaach, datt säi Parteikolleeg Christophe Hansen soll nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär ginn.

D’Entscheedung vum franséische President, fir d’Parlament opzeléisen an Neiwalen unzekënnegen, huet de Frieden “eng impressionant Decisioun” genannt: Den Emmanuel Macron hätt domat politesch Verantwortung iwwerholl