Dat misst den US-President eigentlech mat bedenken, esou de Villy Søvndal. D'US-Amerikaner misste jo ëmmer iwwerleeën, wéi héich de Präis wier, fir mat Gewalt a Grönland anzemarschéieren.
"Und je mehr Militär von verschiedenen Ländern da sind, desto höher wird der Preis für USA sein. Und das ist in USA keine Populärsache. Ich sah eine Opinion, die sagt, dass nur acht Prozent von der Bevölkerung unterstützt, dass der Präsident mit Gewalt Grönland nimmt, 73 sind dagegen und die Rest wissen nichts. Das ist ja eine sehr, sehr, sehr, sehr schwierige Lage für den Präsidenten, dass er so wenig Anschluss hat an dieser Agenda."
Et géif een och am amerikanesche Kongress gesinn, datt och ëmmer méi Republikaner géint déi "wansinneg Iddi" fir Grönland anzehuelen, esou nach den däneschen Europadeputéierten.
Dem Villy Søvndal mécht et awer Hoffnung, datt d’Amerikaner, d’Grönlänner an d’Dänen nach ëmmer bereet wieren iwwer de Sujet ze diskutéieren, obwuel ee sech gëschter um Mëttwoch jo net eens ginn ass.