arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland wëllt seng Kontrollen un de Grenzen ëm en halleft Joer verlängeren

Däitschland

|
reading time

1 min

Däitschland wëllt seng Kontrollen un de Grenzen ëm en halleft Joer verlängeren

Den däitschen CSU-Inneminister Alexander Dobrindt wëllt déi temporär Grenzkontrolle mat den Nopeschlänner ëm e weidert halleft Joer bis Mëtt Mäerz verlängeren. Eng entspriechend Demande wier bei d‘EU-Kommissioun geschéckt ginn, esou den däitschen Inneministère.

reading time

1 min

Däitsch Grenzkontroll | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul
Däitsch Grenzkontroll (Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Als Grond sot den CSU-Inneminister der Bild Zeitung, d‘Entwécklungen un den europäesche Baussegrenze géife weisen, datt déi illegal Migratioun weider ofgewiert a kontrolléiert misst ginn.

Den Alexander Dobrindt hat schon Enn Juli eng warscheinlech Verlängerung vun de Grenzkontrollen ugekënnegt. Dat zum Zäitpunkt, wou Zéngdausende Mënschen iwwer d‘Grenz vu Marokko an déi spuenesch Exklav Ceuta koumen.