arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grenzkontrollen op der Tréierer Autobunn solle flexibiliséiert ginn

Däitschland-Lëtzebuerg

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Grenzkontrollen op der Tréierer Autobunn solle flexibiliséiert ginn

Déi däitsch Grenzkontrollen op der Tréierer Autobunn bleiwe bestoe mee solle flexibiliséiert ginn, änlech wéi et schonn op der Schengener Autobunn applizéiert gëtt. Dat huet den Inneminister Léon Gloden nom Treffe mat den däitschsproochegen europäeschen Inneminister annoncéiert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Grenzkontrollen un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz | © picture alliance / Foto Huebner
Grenzkontrollen un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz (Foto: picture alliance / Foto Huebner)

Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt hält grondsätzlech un den temporairë Grenzkontrolle fest, a bleift och bei sengem Argument vum Kampf géint déi illegal Migratioun.

Stéchprouwen am Plaz fix Kontrollen

Op der A64 bei Tréier ginn déi fix Kontrollen duerch mobiller op der Héicht vum Parking Markusbierg ersat, wou an Zukunft dann nëmmen nach stéchprouwenarteg an net méi stationär soll kontrolléiert ginn. Op der Héicht vum Parking “Dicke Buche” sollen dann och béid Spueren nees opgoen.

Eng gutt Nouvelle fir de Pendlerverkéier, begréisst den CSV-Minister Léon Gloden, mee Lëtzebuerg géif trotzdeem weider u senger Positioun festhalen a fuerderen, datt laangfristeg d’Kontrollen un de Bannegrenze komplett ofgeschaaft misste ginn.

De Grand-Duché hätt scho puer mol seng Bedenken der EU-Kommissioun matgedeelt, mee e Besoin fir eng offiziell Plainte anzereechen, gesäit de Léon Gloden nach ëmmer net.

“Mit Partnern und Freunden spricht man, die verklagt man nicht. Und dank unserer freundschaftlichen partnerschaftlichen Zusammenarbeit haben wir diese praktische Lösung jetzt gefunden.”

Dobrint: Grenzkontrolle bleiwe weider néideg

Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt schwätzt vun enger méi “ugepasster Kontrollsituatioun” a beschreift d’Grenzkontrollen als nach ëmmer noutwenneg, fir géint déi illegal Migratioun virzegoen.

“Auch wenn wir die illegale Migration um 70 Prozent reduzéiert haben, ist sie immer noch hoch. Das muss man deutlich sagen. Und wir sehen weiteres Reduktionspotenzial. Dieses Reduktionspotenzial wollen wir erreichen, und dazu dienen auch weiterhin die Massnahmen, die wir zur Zeit noch anwenden.”

Weider Annoncen no dem Treffe war dann nach eng gemeinsam Policepatrull an den Zich tëschent Lëtzebuerg an Däitschland vu Mee un, fir géint organiséiert Kriminalitéit virzegoen.

D’Ministeren aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz, Éisträich a Liechtenstein hu sech da weider fir sougenannte Return-Hubs an Drëttstaaten ausgeschwat, fir rejetéiert Asyldemandeuren an hir Heemechtsstaaten ze expulséieren. Dës sinn op EU-Niveau aktuell nach an der Diskussioun.

play_arrow Lauschteren