D‘Nancy Faeser huet bei der Reunioun vun de 27 EU-Migratiounsministeren haut ugekënnegt, datt Däitschland elo awer den ëmstriddene Krisemechanismus acceptéiert. Dat ass dee leschte Sträitpunkt an der geplangter EU-Asylreform. Mat där soll ënner anerem déi onerwënschte Migratioun limitéiert ginn.
De Bundeskanzler Olaf Scholz hat gëschter schonn ugedeit, datt Däitschland säi Blockage haut géif opginn.
Et wier wichteg, datt sech d’Europäesch Unioun sou séier ewéi méiglech iwwert dee ganze Migratiouns-Pakt eens gëtt, hat de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn nach gesot. D’Memberlänner missten een Accord iwwer hir Positioun fannen, fir datt d’Verhandlunge mam Europaparlament kënne viru gefouert ginn.