Domat kéinten och no 2035 nach Autoe mat Verbrennungsmotor verkaf ginn. Dat hat d‘EU Kommissioun schonn am Dezember zejoert proposéiert. Bis elo war Frankräich awer nach dogéint.
Am Géigenzuch huet Däitschland méi streng Reegele fir de sougenannte "Made in Europe" zougestëmmt. Betriber, déi ëffentlech Gelder kréien, solle méi staark op europäesch produzéiert Komponente setzen.
Domat wëllen déi zwee Länner déi europäesch Automobilindustrie géint d‘Konkurrenz aus China stäerken.
D‘Ofkommes soll elo d'Verhandlungen op EU-Niveau virubréngen.