No 120 Stonnen Streik fueren an Däitschland d‘Zich gréisstendeels erëm no Plang. D‘nächst Woch sollen d‘Gewerkschaft vun de Lokführer an d‘Deutsche Bahn erëm verhandelen. Béid Parteien weise sech awer optimistesch. De Lokführer hir wichtegst Fuerderung ass d‘Wochenaarbechtszäit vun den Arbeschter déi a Schuchte schaffen ëm dräi Stonnen ze reduzéieren. Fest eenege konnt ee sech op en Inflatiounsausgläich vun 1.500 Euro.
Bis den 3. März soll et kee weidere Streik ginn.
Perturbatiounen am Regionaltransport
A wärend d‘Zich vun der Bunn an Däitschland erëm fueren kënnt et elo zu gréissere Perturbatiounen an den regionalen ëffentlechen Transportlinnen uechter Däitschland. Wéi schonn ugekënnegt huet d‘Gewerkschaft VERDI elo offiziell zu enger Protestaktioun vun e Freideg un opgeruff. Dat an alle Bundeslänner, ausser Bayern. Betraff sinn deemno iwwer 130 regional Entreprisen an am ganze ronn 90.000 Beschäftegter. Domat wëll VERDI Drock an den Tarifverhandlunge maachen. Gefuerdert gi virun allem méi héich Paien a méi kuerz Aarbechtszäiten.