Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Sich no neie Buschauffere gëtt ëmmer méi schwéier

Etude an Däitschland

Däitschland: Sich no neie Buschauffere gëtt ëmmer méi schwéier

An Däitschland gëtt dréngend no Buschauffer gesicht. 40 Prozent vun den Bus- an Tramchaufferen an Däitschland hu méi ewéi 55 Joer a ginn deemno an de nächste Joren an d’Pensioun. Dat wieren am ganzen eng 54.500 Departen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt

An d’Demande hëlt zou, wéinst dem Asaz vun ëmmer méi Offeren am ëffentlechen Transport. Et kommen awer kaum Jonker bäi, déi sech fir de Beruff interesséieren, dat geet aus enger Etude ervir vum Kompetenzzentrum fir Fachkräftesicherung.

Och an anere Secteure ginn et an de nächste Jore wesentlech Problemer fir nei Leit ze rekrutéieren. Dat gëllt fir den Transport, d’Logistik, de Schutz an d’Sécherheet.

Déi Etude recommandéiert Moossnamen ze ergräife fir de méi eelere Mataarbechter méi flexibel an Altersgerecht Aarbechtskonditiounen unzebidden. An Däitschland schaffen d’Leit awer ëmmer méi laang. 2023 ware 57 Prozent vun den Beschäftegten tëscht 55 an 64 Joer al, 2013 waren et nach 43 Prozent.