Gëschter Mëtteg war eng Manifestatioun zu Hamburg. Hei sinn esouguer ze vill Leit komm, esou datt se wéinst Sécherheetsbedenken huet missen ofgebrach ginn. D‘Police schwätzt vu 50.000 Demonstranten, den Organisateur vun 80.000.
Ausléiser fir déi aktuell Protester an Däitschland ass eng Recherche iwwert ee geheimt Treffe vun AFD-Vertrieder mat Neonazien Enn November. Do gouf iwwert Pläng geschwat fir Mënsche mat Migratiounsgeschicht auszeweisen aus Däitschland auszeweisen.