Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland: Grouss Demonstratioune géingt de Rietsextremismus

München, Berlin a Frankfurt

Däitschland: Grouss Demonstratioune géingt de Rietsextremismus

An Däitschland sinn iwwerall Demonstratioune gemellt géint de Rietsextremismus. Souwuel a grousse Stied wéi Berlin, Köln, Frankfurt a München, wéi och a klengen Uertschafte soll een Zeeche géint "die Rechte" gesat ginn.

auto_stories

1 min

Anti-Rietsextremismus Demo zu Mainz | © picture alliance/dpa | Helmut Fricke
Anti-Rietsextremismus Demo zu Mainz (Foto: picture alliance/dpa | Helmut Fricke)

Zu München rechnen d‘Organisateure mat méi wéi 30.000 Leit. An de leschten Deeg waren a ville Stied Mënsche géint den Opschwong vu rietse Kräfte an der Gesellschaft op d‘Strooss gaangen. D‘Protester waren ausgeléist ginn nodeems eng Recherche iwwer ee geheimt Treffe vun AfD-Vertrieder mat Neonazien Enn November publik gouf. Do gouf iwwer Pläng geschwat fir Mënsche mat Migratiounsgeschichten auszeweisen.