Radioen

On air

Notturno  |  Tom Petty And The Heartbreakers - It'll All Work Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland: Doktere kënnege Streik un

Wéinst ze héijer Belaaschtung

Däitschland: Doktere kënnege Streik un

An Däitschland wäerten déi nächst Deeg vill Hausdokteren hir Praxissen zouloossen. D‘Dokters-Verbänn hu vun haut un zu engem Streik opgeruff fir géint déi héich Belaaschtunge fir d‘Haus-Dokteren ze protestéieren.

auto_stories

1 min

De Streik soll bis e Freideg daueren. Et gëtt erwaart, datt Dausenden Haus-Dokteren eréischt d‘nächst Woch, den 2. Januar, nees wäerten opmaachen. Fir dréngend Noutfäll bleiwe verschidde Praxissen op.

De Patienteschutz an de Gesondheetsminister Karl Lauterbach hunn de Streik kritiséiert, well et iwwer d‘Feierdeeg ëmmer besonnesch vill Krankheetsfäll géif ginn.

Am Januar wëll de Minister e Krise-Sommet organiséiere fir mat den Hausdokteren iwwer hir Problemer ze schwätzen.