search

/ Däitsch-franséische Projet fir e gemeinsame Kampfjet ass vum Dësch

Defense

|
reading time

1 min

Däitsch-franséische Projet fir e gemeinsame Kampfjet ass vum Dësch

Echec fir een däitsch-franséische Kampfjetprojet. No vill Hin an Hier hunn de Bundeskanzler Friedrich Merz an de President Emmanuel Macron de milliardeschwéiere Rüstungsprojet gestoppt. Et wier een zur Aschätzung komm, datt d'Entreprisen Dassault an Airbus net op e gemeinsamen Nenner kéimen.

reading time

1 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

D‘Virstellunge vun de Fäegkeete vun engem Kampfjet lounge bei béiden an der Lescht wäit auserneen. 

Net komplett vum Dësch wier awer déi gemeinsam Vernetzung vun ënnerschiddleche Waffesystemer wéi Fligeren an Dronen an enger sougenannter Combat Cloud, heescht et nach. Mëtt nächste Mount sollen do déi jeeweileg Verteidegungsministeren een Aarbechtsplang ausschaffen.