Am drëtte Quartal ass de PIB an der gréisster Ekonomie an Europa - anescht wéi virausgesot - ëm 0,2 Prozent ugezunn. Ekonomisten hate mat engem Réckgang gerechent. Am zweete Quartal war de PIB an Däitschland nach geschrumpft a war an eng technesch Rezessioun gerutscht.
Och a Frankräich ass d‘Wirtschaft am 3. Trimester rëm gewuess, an zwar ëm 0,4 Prozent vum PIB.