Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Talking Heads - This Must Be The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch Ausseministerin op Iwwerraschungsvisitt zu Kiew

Annalena Baerbock

Däitsch Ausseministerin op Iwwerraschungsvisitt zu Kiew

Déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock ass op Iwwerraschungsvisitt zu Kiew. E ass schonn di véiert Visitt vun der däitscher Ausseministerin an der Ukrain.

auto_stories

1 min

Den ukrainesche Präsident Wolodymyr Selenskij gesäit Fortschrëtter u der Front. An de leschte siwen Deeg si mer viru komm, sou de Selenskij.

Op eenzele Frontofschnëtter wieren Uertschaften zréck eruewert ginn. Och ronderëm d‘Stad Robotyn, wou di ukrainesch Truppen déi éischt russesch Defense-Linnen duerchgebrach hunn, hätt een annerhallwe Kilometercarré nei besat.