Am Tripartite Accord gouf jo festgehalen, datt de Staat d’Accisen um Bensinn an um Diesel ëm all Kéier 5 Cent de Liter erofsetzt, a beim Masutt a Gas all Kéier eng Subventioun vu 15 Cent de Liter.
Eng ganz Partie Leit hätte bis ewell nach keng Méiglechkeet gehat vun hirer Masutt- oder Gasheizung op eng Wärmepompel ze wiesselen, esou de Lex Delles. A well een déi Leit awer net wëll am Ree stoe loossen, hätt een hei Hëllefen decidéiert. Trotzdeem géif d’Regierung weider op d’Energietransitioun setze betount den DP-Minister. Dofir géif et och eng zousätzlech Remise vu 4 Cent pro Kilowattstonn Stroum ginn.
"Parallell dozou, huet den Här Wilmes jo och annoncéiert, dass d'Klimabonushëllefen op de Wärmepompelen eropginn, en Top-up kréien, fir d'Leit nach eng Kéier mat eriwwer ze huelen, fir hinnen ze hëllefe mat deene verschiddenen Incentiven. An dofir och zum Beispill den Différenciel tëschent der Masuttsheizung an der Wärmepompel, mat deene Remisen um Elektresch, fir do nach eng Kéier ze weisen, hei kuckt, et ass ëmmer méi bëlleg, wann s de an d'Elektrifikatioun gees."
Dat géif och beim Auto fuere gëllen, esou de Lex Delles weider. Zu Lëtzebuerg wier iwwerdeems an de leschte Wochen allgemeng net manner getankt gi wéi virun der Kris am Noen Osten, mee dofir géifen awer méi Elektroautoe verkaf ginn, esou den DP-Wirtschafts- an Energieminister. A sengen Ae wier dat dorop zeréckzeféieren, datt d’Leit sech viru staarke Spritpräishaussë wëlle schützen.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam Energieminister Lex Delles