search

/ DDOS-Attacken op d'Deutsche Bahn

Däitschland

|
headphones

1 min

DDOS-Attacken op d'Deutsche Bahn

Zënter dem Moie ginn et Cyberattacken op d‘Deutsche Bahn. D‘Systemer géifen den Ament zwar fonktionnéieren, eng endgüllteg Entwarnung gëtt et awer nach net. 

headphones

1 min

Deutsche Bahn | © EPA/CLEMENS
Deutsche Bahn (Foto: EPA/CLEMENS)

Wéi et vun de Responsabelen vun der Bunn an Daitschland heescht, géifen nach ëmmer Onbekannter probéieren de System ze attackéieren.

Et géif sech ëm DDOS-Attacken handelen, déi op een Ausfall vum ganze System aus sinn. D‘Ofwiersystemer géife sou wäit fonktionnéieren an Donnée vu Cliente wiere bis elo net geklaut ginn.

Schonn haut de Moien war de Buchungssystem vun der Deutschen Bahn wärend e puer Stonne net erreechbar a Clienten konnte weder Horaire kucken nach Zuchticketen buchen.

Vu wiem dës Attacken ausginn, ass nach net bekannt.