Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Welt rëscht weider op: Militärdepensë klammen op 2.400 Milliarden Dollar

Eng Hausse vu bal 7 Prozent

D'Welt rëscht weider op: Militärdepensë klammen op 2.400 Milliarden Dollar

Déi weltwäit Militärdepensë sinn zejoert weider geklommen, op elo ronn 2.400 Milliarden US-Dollar. Dat wier eng Hausse vu 6,8 Prozent am Verglach zum Joer virdrun, esou de schweedesche Friddensfuerschungsinstitut Sipri. Un der Spëtzt leien déi üblech Verdächteg.

auto_stories

1 min

Panzeren op Waggonen | © picture alliance / Alexander Welscher/dpa | Alexander Welscher
Foto: picture alliance / Alexander Welscher/dpa | Alexander Welscher

Op der Plaz 1 vun de Länner mat den héchste Militärausgabe bleiwen d‘USA. Déi géifen eleng iwwer een Drëttel vun alle weltwäite Militärdepensen ausmaachen, an dräimol méi wéi China op der zweeter Plaz. Op déi drëtt Plaz kënnt Russland.

De Rapport gëtt all Joers vum schweedesche Friddensfuerschungsinstitut Sipri zesummegestallt.