Radioen

On air

Notturno  |  The Black Progression - Positive Energy

play_arrow Live
search

/ D'Wëllef vu Chicago-sur-Alzette

Kultur

D'Wëllef vu Chicago-sur-Alzette

Duerch an duerch korrupt ass d'Minettmetropol, esou wéi de Jacques Steiwer se a sengem Krimi "Des loups chez les Luxos" (Phi) duerstellt. De Michel Delage huet de Roman gelies.

auto_stories

4 min

Op Belval gëtt eng net identifizéiert Fraeläich entdeckt, eigentlech schonn e Skelett, genee op der lëtzebuergesch-franséischer Grenz. A wa kee sech esou richteg zoustänneg fillt, da muss dat net onbedéngt nëmme mat bürokratescher Schludderegkeet ze dinn hunn ... Dat seet sech op d'mannst de Colonel Moulinart, deen et am Laf vu senger Karriär gewinnt war a politesch kriddelegen Affäre bei senger Hierarchie unzeecken. De pensionéierte Flic huet säin Instinkt a säi Virwëtz op jiddwer Fall net verluer a wëllt der Saach nogoen ... 

Et ass scho fir d'fënneft bannent zwielef Joer, datt de Jacques Steiwer säi rekurrente Personnage op eng Enquête usetzt. No ''Du gâchis chez les Luxos'', ''Angelika chez les Luxos'', ''Des taupes chez les Luxos'' an ''Des camés chez les Luxos'' liwwert hie mat ''Des loups chez les Luxos'' d'Fortsetzung vu senger eleng schonn duerch den Titel erkennbarer Serie. 
Mir sinn hei net an der englescher Traditioun vum Krimi, an där de Mord eng Ausnam an enger soss geuerdenter Gesellschaft ass. Nee, dat heiten ass kloer déi gesellschaftskritesch amerikanesch Manéier, un där de Steiwer wëllt uknäppen - och wa säin eeleren Held elo net onbedéngt deen ass, dee sech physesch a Gefor bréngt, esou wéi een dat aus klasseschen ''hard boiled''-Romaner kennt. Also kee roman noir pur et dur mee eng méi gemittlech Variant, temperéiert duerch reegelméisseg ironesch Clins d'oeilë vun engem "chroniqueur, omniscient et omniprésent" an agrementéiert vu relativ usprochsvollsvolle gastronomeschen Tëschenetappen.

Temperéierten "hard-boiled"

Wat hei zielt, ass déi gesellschaftlech Visioun: 
"Souvent c’était les petits ou les maladroits qui casquaient, alors que de gros bonnets - banquiers, avocats, homme d’affaires - s’en tiraient avec une amende dérisoire, avant de disparaître des phares de la vie publique et des fouineurs de la procure, leurs fortunes sommeillant aux Îles vierges ou au Panama.” 

A weider: 
“Quant à Moulinart, il y a avait belle lurette qu'il avait compris le fonctionnement de la société post-capitaliste: prends le fric et tire-toi!”

Am Steiwer sengem Roman féiert d'Bluttspuer vun der nach anonymmer weiblecher Läich direkt an den Escher Schäfferot. An et muss ee soen, datt Esch hei als eng Zort ''Chicago-sur-Alzette'' duergestallt gëtt: en onheemleche regionale Muechtzentrum mat sengem Cortège vu politesch-wirtschaftlechen Intrigen, Korruptioun a sexuelle Chantage ... D'Escher Grenz huet wéi et schéngt hire fréiere Ruff als Quartier chaud net agebéisst - op d'mannst emol an den Ae vum Auteur, Joergank 1939. 

Grenzen

De Jacques Steiwer ass soss bekannt fir ganz seriö theoreetesch Wierker an de Beräicher Philosophie a Politik. Mee och a senge Krimien, déi hien niewelaanscht schreift, ginn deementspriechend Iwwerleeungen agestreet. D'Iddi vun der Grenz, zum Beispill, déi als politesch-administrativ Limitt eigentlech keng Roll bei der Ofwier vun transnationale kriminellen Netzwierker spillt. Änlech schwammeg ass d'Grenz tëschent Legalitéit an Illegalitéit, tëschent Respektabilitéit a moralescher Verkommenheet. 

Et ass dann och d'Grenz tëschent Mënschen an Déieren: d'Wëllef aus dem Buchtitel verweise souwuel op déi richteg Wëllef, déi nees sporadesch an eise Géigenden opdauchen, wéi och - an engem metaphoresche Sënn - op mënschlech Raiber, déi iwwer aner Mënschen hierfale wéi iwwer Schof. 

Interessant ass am Roman dann och d'Grenz tëschent Verrécktheet an Normalitéit. Iwwer e weibleche Schlësselpersonnage reaktivéiert de Jacques Steiwer de Mythos vu "La Savage", eng Figur aus dem lokale Folklor, als Verkierperung vun der Aussesäiterin, där net gegleeft gëtt, obwuel hir verschlësselt Signaler op eng onkamoud Realitéit hiweisen. 

Datt et an der Minettmetropol hanner der Fassad esou héich hier soll goe wéi am Roman beschriwwen, wéilt ee jo gäre gleewen. Allerdéngs gëtt net wierklech versicht, d'Handlung an der konkreter Realitéit vun Esch ze verankeren. Villméi schéngt sech de Constat op d'Gesellschaft am allgemengen ze bezéien a kéint grad esou gutt op iergend eng aner Stad passen. Wa mir et net esouguer mat enger fantasméierter Wierklechkeet ze dinn hunn: den onheemlechen Afloss, deen der russescher Ambassade zu Lëtzebuerg ënnerstallt gëtt, wat déi aktuell politesch Paranoia bedéngt, amplaz se ze entschäerfen, léisst de ''Des loups chez les Luxos'' zum Schluss dach an d'Lächerlecht ofdriften ...

Lauschterenplay_arrow