Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
search

/ D‘Waasserverwaltung warnt weiderhi viru potentiellem Héichwasser

Wéinst deem ville Schnéi a Reen

D‘Waasserverwaltung warnt weiderhi viru potentiellem Héichwasser

Et gëllt weiderhin d‘Warnstuff orange fir den Norden an de Süde vum Land, op ville Plazen ass nom ville Reen d‘côte de vigilance erreecht ginn.

auto_stories

1 min

Héichwaasser | © Mario Hoesel/Adobe Stock
Héichwaasser (Foto: Mario Hoesel/Adobe Stock)

Fir d‘Musel gëllt eng alerte jaune, zu Stadbriedemes soll de Donneschdeg Mëtteg den Niveau vu 5,30 Meter iwwerschratt ginn. Bis de Freideg de Mëtteg kéint den Niveau 6,20 Meter erreechen. Déi Situatioun soll nach bis e Sonndeg bestoe bleiwen.

D‘Police erënnert drun, datt wéinst Héichwaassergefor de Parking Däich zu Ettelbréck gespaart ass. Leit, déi hiren Auto nach do geparkt hunn, gi gebieden, deen direkt ewechzehuelen.

Dat selwecht gëllt fir d‘Leit, déi hiren Auto op der N10 zu Schengen an zu Réimech stoen hunn, och déi solle hir Gefierer direkt ewechhuelen. An zu Réimech misst och de Parking du Port geraumt ginn.