Eleng wat d’Participatiounen un enger Weltmeeschterschaft ugeet, gëtt et grouss Ënnerscheeder tëschent deenen dräi nordamerikanesche Länner. Mexiko ass 2026 nämlech scho fir d’18. dobäi, d’USA fir d’12., mee Kanada eréischt fir déi drëtte Kéier.
Kanada: E Bayern-Spiller am Fokus
D’Kanadier koume bei hiren zwou Participatioune bis elo (1986 an 2022) ni iwwer d’Gruppephas eraus. 1986 hu si kee Gol geschoss an dräi verluerene Matcher. Viru véier Joer a Katar gouf et och dräi Néierlagen: Géint Kroatien gouf alt wéinstens deen éischte kanadesche Gol op enger WM markéiert, mee och déi Kéier war et no dräi Matcher eriwwer.
D’Kanadier mat hirem Star Alphonso Davies vu Bayern München spille bei der WM dëst Joer géint Bosnien-Herzegowina, Katar an d’Schwäiz. Wann een Alphonso Davies seet, denkt een haut nach u säi memorabele Slalom an der Champions League 2020 géint Barcelona.
Bei den USA steet de Star net um Terrain
D’Amerikaner dann hu bei hiren eelef Participatioune bis elo (tëschent 1930 an 2022) schonn eng Kéier um Podium gestanen: Bei der éischter WM an Uruguay goufe si nämlech déi Drëtt. Ervirzehiewen ass donieft eng Véierelsfinall an ëmmerhi fënnef Aachtelsfinallen.
D’USA hunn awer och 1934 bei der WM an Italien den Ouverturesmatch géint d’Heemekipp 1:7 verluer, wat nach ëmmer den Erëffnungsmatch vun enger WM mat de meeschte Goler ass.
Hire Star sëtzt wuel als Trainer op der Bänk: D’USA ginn nämlech mam Argentinier Mauricio Pochettino, dem fréiere Spiller an och Trainer vu Paris Saint Germain, an d’Heem-WM. Op enger Pressekonferenz, huet de Coach vun der Virfreed vu senge Spiller op d’WM geschwat.
"Si wëssen, datt si dobäi sinn, wann näischt geschitt, näischt Schlëmmes. Si trainéiere ganz gär. Si si ganz konzentréiert."
D’USA kréien et mat Paraguay, Australien an der Tierkei ze dinn.
De Guillermo Ochoa - E mexikanesche Golkipp-Phenomeen
D’Mexikaner um Enn stellen déi Ekipp, déi am dackste bei enger WM dobäi war, ouni Weltmeeschter ze ginn. Dobäi koume si zweemol an eng Véierelsfinall, 1970 an 1986, wéi d’WM bei hinnen doheem war. Dobäi goufe si vun de spéidere Finalisten Italien an Däitschland eliminéiert.
De Golkipp Guillermo Ochoa steet, mat 40 Joer, fir d’sechst an engem WM-Kader, genee wéi de Lionel Messi an de Cristiano Ronaldo. Vläicht kënnen sech d’mexikanesch Supporter:innen dann nees iwwer Weltklassparade freeën, wéi de Memo, wéi e genannt gëtt, bei der WM 2014 géint Brasilie gewisen huet.
Trotz den zum Deel groussen Nimm sinn d’Mexikaner bei enger WM nach net esou wäit komm wéi hir amerikanesch Noperen, wann och méi wäit wéi d’kanadesch Co-Organisateuren. Mexiko trëfft am vläicht ausgeglachenste Grupp op Südafrika, Südkorea an Tschechien.