Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Verloschter vun de klenge Parteien

Volt, Piraten, Fokus an déi Lénk

D'Verloschter vun de klenge Parteien

4 vun de méi klenge Parteien am Land hunn et gëschter iwwert d’1- Prozent-Mark gepackt. Eenzeg Fokus war dovun als éischt bei Europawalen ugetrueden. Déi dräi aner - Volt, déi Lénk an d’Piraten - hunn alleguer eng Perte gemaach am Verglach mat hirem Resultat vun 2019.

auto_stories

3 min

Vun den 8 méi klenge Parteien hate just Fokus, Volt, d‘Piratepartei an déi Lénk et op iwwer 1 Prozent vun de Stëmme gepackt. Déi dräi lescht genannten hunn awer däitlech Perte gemaach, am Verglach mat hirem Resultat vun 2019.

D’Piratepartei huet bal 3 Prozentpunkten am Verglach mat 2019 verluer an ass nees ënner 5 Prozent gefall. Fir Volt war et e Réckgang vu ronn engem Prozentpunkt op 1,04 Prozent vun de Stëmmen. Bei déi Lénk war et eng Perte vu méi wéi annerhallwem Prozentpunkt op 3,15 Prozent vun de Stëmmen. Dat schlechtste Resultat zanter zwee Joerzéngte fir d’Partei.

Déi Lénk: Jonk an onbekannt Equipe

Déi negativ Tendenz hätt een och bei de Gemengewalen an de Chamberwale festgestallt, erënnert sech den André Marques vun déi Lénk. Et wier schwéier gewiescht schonn no engem hallwe Joer domat ze briechen. Trotzdeem wier een an der Partei zefridde mam Resultat.

Ofgesi vun der Ana Correia wier d‘Equipe nach relativ Jonk an onbekannt, gëtt den André Marques ze bedenken. Elo hätt d‘Partei et awer gepackt ee konstanten Trend ze behalen.

„Et seet scho vill aus, datt mer awer eng Basiswielerschaft hunn, déi eis fir eis Iddie wielt an net fir eis Käpp an datt do grousst Potential ass, mat de Käpp weider opzebauen.“

Volt: Programmtechnesch näischt virzewerfen

D’Onbekanntheet vun hire Kandidate gesinn och d’Piratepartei a Volt als Haaptgrond fir hire Stëmmeverloscht. Deem Risiko wier ee sech schonn am Virfeld bewosst gewiescht. Programmtechnesch hätt seng Partei sech awer näischt virzewerfen, betount de Philippe Schannes vu Volt.

Uechter Europa hätt d‘Partei e gutt Resultat gemaach. Volt Däitschland wier op 3 Sëtz komm a Volt Holland op 2.

„Dat weist eis, datt mer och zu Lëtzebuerg Potential hunn, fir vill méi ze kréien. An ech mengen datt einfach dorunner wou mer elo musse schaffen, datt mer méi bekannt ginn.“

Pirate konnten d'Stëmmen u riets net opfänken

Dat géif sech och d’Piratepartei als Zil setzen, mengt de Raymond Remakel am 100,7-Interview. An deene Gemengen an deene seng Partei vertruede wier, hätte si e vill bessert Resultat gemaach ewéi nach viru 5 Joer.

D’Piratepartei misst den Aus- an Opbau vun hire Sektiounen am ganze Land weiderdreiwen. De Raymond Remakel bedauert iwwerdeems, datt een och zu Lëtzebuerg den „Drang no riets“ géif bemierken an d‘Partei déi Leit net opfänke konnt.

„Wat mir lo perséinlech Leed deet. Awer och eiser ganzer Ekipp, well mir ware jo eigentlech ugetruede fir grad déi Stëmmen och mat opzefänken.“

Fokus: Monica Semedo-Effekt ass ausbliwwen

Vun den 8 méi klenge Parteien déi bei den Europawalen ugetruede sinn, huet just nach Fokus et op iwwer ee Prozent vun de Stëmme gepackt. Fir genee ze sinn op 1,6 Prozent. De Parteipresident Marc Ruppert weist sech enttäuscht, datt een d’Resultat vun de Chamberwalen net konnt bestätegen.

De leschten Oktober war Fokus nach op 2,5 Prozent vun de Stëmme komm. Fir de Marc Ruppert war d’Ursaach dofir d’Angscht virun engem Rietsruck an Europa. Déi Leit géifen dann nämlech „déi valeurs sûrs wielen“, an dat wieren déi grouss Parteien.

„Mir gesinn allgemeng, datt déi kleng Parteien, mir stinn do definitiv net eleng do - dat geet bis erop bei d‘Piraten an déi Lénk - bei dëse Wale verluer hunn.“

Och den erhoffte Monica Semedo-Effekt ass bei Fokus ausbliwwen. Der DP hat si 2019 nach iwwer 50.000 Stëmmen erabruecht, fir Fokus elo knapp ënner 5.000. Eng konkret Ausso iwwert eng zukünfteg Zesummenaarbecht mat der Monica Semedo wollt de Marc Ruppert haut nach net maachen. D’Partei géif hirt Resultat elo mol am Detail analyséieren.

Aktualitéit
Europawalen