Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yussef Dayes - Marching Band Feat. Masego

play_arrow Live
search

/ Verlängerung vum Klimabonus: Stéchdatum steet nees an der Diskussioun

Bis Enn 2025

Verlängerung vum Klimabonus: Stéchdatum steet nees an der Diskussioun

Mat Verspéidung stëmmt d’Chamber muer um Dënschdeg d’Gesetz fir d’Verlängerung vum Klimabonus Wunnen. Déi héich Subventioune fir d’Ersetze vu fossillen Heizungen a fir d’Installatioun vu Photovoltaikanlage sinn eigentlech schonn Enn Juni ausgelaf.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Unsplash /  Daniele La Rosa Messina play_arrow
Foto: Unsplash / Daniele La Rosa Messina

Mam neie Gesetz gëtt de Regime bis Enn 2025 verlängert. D’Subventioune bleiwe wéi se waren. Just bei Photovoltaikanlage ginn et zënter dësem Mount net méi déi ganz héich Subventioune vun 62,5 Prozent, mee just nach 50 Prozent. Den neie Stéchdatum vum Dezember 2025 ass awer elo schonn nees an der Diskussioun.

Aarbechte musse bis Enn 2025 ofgeschloss sinn

Et mussen nämlech nach verschidden Aarbechte bis Enn 2025 realiséiert sinn, fir kënne vum héije staatleche Subsid ze profitéieren. Just bei enger kompletter Hausrenovéierung mat méi Mesurë mussen d’Aarbechte just bis Enn d’nächst Joer bestallt ginn. Fir d’Realisatioun huet ee méi Zäit, erkläert de Georges Gehl aus dem Ëmweltministère.

Mécht een awer just eng eenzel Mesure, wéi zum Beispill eng Wärmepompel, da muss se bis Enn d’nächst Joer kënne facturéiert ginn. Och fir nach de ganz héije Subside vun 62,5 Prozent bei Photovoltaikanlagen ze kréie mussen d’Aarbechte bis Dezember 2025 ofgeschloss sinn.

Betriber geroden ënner Drock

De Problem ass: Verschidde Betriber soen, si hätte sou lues hire Carnet-de-Commandë voll, an zécke fir nach vill nei Commanden unzehuelen. De Marc Thein vun der Federatioun vum Génie technique, déi Member ass vun der Handwierkerfederatioun, erkläert, datt d‘Aiden op 50 Prozent eroffalen, wann d‘Aarbechten net bis den 31. Dezember 2025 fäerdeg sinn.

"Ech schwätzen elo just vun de staatlechen Aiden. Déi kommunal Aiden, déi et dobäi nach ginn, déi si jo komplett verschidde vu Gemeng zu Gemeng. Dat ass natierlech fir d'Betriber een Drock. An et ass fir d'Privatleit och een Drock, déi natierlech all gudden Dag an de Betriber uruffen."

Onkloer, wéi et no 2025 virugeet

Et besteet also ee Stau bei de Betriber, déi nach net wëssen, wéi et no 2025 weidergeet. Dat soll deemnächst bekannt ginn, hofft de Marc Thein. Eng nächst Reunioun mam Ministère ass dësen Dënschdeg virgesinn.

"Dat heescht, et ass einfach elo imminent, dass mir duerno nei Informatioune kréien, wéi et dann duerno weidergeet. An ech mengen net, datt elo en Energieminister wäert do zwee Schrëtt no hanne goen."

D’Patronen hoffen also, datt geschwënn och annoncéiert gëtt, wéi et no 2025 mam Klimabonus Wunne weidergeet. Well soss fäerte si, datt si elo zwar ausgebucht sinn, mee fir 2026 keng Commandë méi kréien.

Lauschterenplay_arrow