D‘Cour des comptes wéilt och gär Langzäitperspektive gesinn. Dat besonnesch wann et drëms geet de Budget nees an d'Gläichgewiicht ze kréien. Wa Scholde gemaach ginn, da prioritär an zukunftsorientéierte Investitiounen, zum Beispill an de Branchen erneierbar Energie a sozial-ökologesche Wandel.
Wa langfristeg Recetten duerch d'Dieselverkeef ewech falen kéinten déi zum Beispill duerch nei Steieren op gesondheetsschiedleche Liewensmëttel ausglach ginn, sou nach de Rechnungshaff.
"Reservéierten Avis mat ville Fragezeichen"
D'Cour des Comptes géif sech eng Partie Froe stellen, zu de Prämisse vun enger Partie geplangte Steiermesuren, esou no der Sitzung vun de Moien den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.
"Zum Besispill d’Baisse op der Steier vun de Betriber ëm ee Prozent. Awer och eng Partie aner Mesurë wéi den Entlaaschungspak, wou si awer ëmmer erëm soen, datt dat net chiffréiert ass, an datt et am Fong baséiert, op engem Glawen, dass ee muss d’Kompetitivitéit stäerken, an och am Fong op ee reng politesch Credo, dee seet, all Kéier wa mir mat de Steieren erof gaange sinn, da krute mer méi Recetten. An dat stelle si fundamental a Fro."
De Franz Fayot schwätzt generell vun engem "relativ reservéierten Avis mat ville Fragezeichen" vun der Cour des Comptes zum Budgetsprojet fir dat nächst Joer.
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) hat säi Budgetsprojet den 9. Oktober presentéiert an deposéiert. Beim Zentralstaat soll et d’nächst Joer een Defizit vun 1,3 Milliarden Euro ginn. De Projet soll virun der Chrëschtvakanz vun der Chamber gestëmmt ginn.