Radioen

On air

Kultur um 5  |  Bloc Party - Banquet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'UNO stellt d'Ausmooss vun den israeelesche Bombardementer a Fro

Eventuellt Krichsverbriechen

D'UNO stellt d'Ausmooss vun den israeelesche Bombardementer a Fro

Am Krich am Noen Osten huet d‘UNO d‘Ausmooss vun den israeelesche Bombardementer op d‘Gazasträif a Fro gestallt. Déi israeelesch Attacke wieren eventuell net verhältnisméisseg a et kéint sech ëm Krichsverbriechen handelen. Dat huet den UNO Mënscherechtskommissariat matgedeelt nodeems Israel dat palestinensescht Flüchtlingslager Dschabalia bombardéiert huet, wou iwwert 100.000 Ziviliste liewen.

auto_stories

2 min

D‘Hamas mellt op d‘mannst 50 Doudeger. Déi israeelesch Arméi sot, d‘Flüchtlingslager géif vun Hamas Terroristen als Kommando-Zentral benotzt ginn. Bei de Bombardementer wier och e Kommandant vun der Hamas ëm d‘Liewe komm.

MSF tauscht hir Mataarbechter an der Gazasträif aus

Gëschter war de Grenziwwergang mat Ägypten zu Rafah eng éischte Kéier opgemaach gi fir ronn 80 schwéier Blesséierter an 300 Auslänner a Leit mat duebeler Nationalitéit ze evakuéieren.

Dobäi hätten och déi 22 international Mataarbechter vu Médecins Sans Frontières d‘Gazasträif verlooss, huet MSF Lëtzebuerg an engem Communiqué matgedeelt. Eng nei international Equipe géif esou bal ewéi méiglech dohi geschéckt ginn.

An der Gazasträif géifen iwwer 22.000 Blesséierter dréngend Hëllef brauchen. An de Spideeler géif et awer akut u Medikamenter a Material feelen, sou Médecins Sans Frontières. D‘ONG widderhëlt hiren Appell fir eng direkt humanitär Waffepaus. Och d‘UNO Hëllefswierk fir d‘Palestinenser fuerdert eng Waffepaus, hire Generalkommissär Philippe Lazzarini war gëschter an der Gazasträif.

Joe Biden fuerdert eng Waffepaus

Am Krich am Noen Osten huet den US-President Joe Biden eng Paus vun de Bombardementer a Kämpf gefuerdert. Eng Paus misst gemaach ginn, fir datt déi 240 Leit, déi vun der Hamas als Geisel gehale ginn, fräi kënne kommen. Dat huet den Joe Biden bei enger Veranstaltung enger Fra am Publikum geäntwert, déi ee Waffestëllstand gefuerdert huet. D‘Wäisst Haus huet duerno preziséiert: Den Joe Biden géif eng Waffepaus net just fir d‘Liberatioun vun e Geisele fuerderen, mee och fir humanitär Hëllef an d‘Gazasträif kënnen ze bréngen