Esou kéint déi Schwäizer Vollekspartei op bis zu 28 Prozent vun de Stëmme kommen. D‘Sozialdemokrate kéinten och zouleeën, esou Ëmfroen. Si keimen op 18 Prozent.
Verléiere géife par conter déi Gréng. Fir déi 7-käppeg schwäizer Regierung ännert d‘Resultat vun haut näischt. Si gëtt zanter Joerzéngte vun de véier gréisste Parteie gebilt.