Radioen

On air

Concert  |  Indian Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Schwäiz gewënnt den ESC - Lëtzebuerg kënnt op déi 13. Plaz

Eurovision Song Contest

D'Schwäiz gewënnt den ESC - Lëtzebuerg kënnt op déi 13. Plaz

D’Schwäiz gewënnt déi 68. Editioun vum Eurovision Song Contest. Mat am ganze 591 Punkte loung de Sänger Nemo mam Lidd “The Code” um Enn vum Owend viru Kroatien an der Ukrain. Lëtzebuerg ass mat insgesamt 103 Punkten op déi 13. vu 25 Plaze komm. Am Virfeld vum Evenement gouf et awer eng Rei Tensiounen. 

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow
De schwäizer Sänger Nemo huet den ESC 2024 gewonn. (Foto: EBU/Corinne Cummings)

Bis kuerz virun der Show war nach ongewëss, ob all Länner an der Finall optrieden. Nodeems Holland wéinst engem angeblechen handgräifleche Virfall vun der Finall ausgeschloss gouf, waren op eemol och d’Kandidaten aus Irland, Griicheland an der Schwäiz net bei der leschter Generalprouf dobäi. An engem Statement op de soziale Medien huet et vun der irescher Sängerin geheescht, datt ee Virfall dringend vun der EBU misst ënnersicht ginn.

Ausserdeem sinn déi propalästinensesch Manifestatiounen direkt virun der Malmö-Arena och nach bis an den Owend era weidergaangen.

"The Code" vum Nemo ass d'Gewënnerlidd

Um Enn vun enger iwwer 3 Stonne laanger Show, un där all d’Kandidaten ausser Holland dunn deelgeholl hunn, huet et ganzer 18 Mol vun de verschiddenen Jury’en, dorënner och déi lëtzebuergesch, geheescht: "12 points go to.....Switzerland!"

Am Lidd “The Code” geet et ëm d’Theeme Genderidentitéit, mental Gesondheet an Akzeptanz. De 24 Joer jonken Nemo bezeechent sech selwer als net-binär.

D’Tensiounen, déi déi lescht Deeg um ESC entstane sinn, hätten engem effektiv d’Impressioun ginn, datt et op dësem Concours net méi ëm Musek an Zesummenhalt geet. Doru misst ee schaffen, sou de Gewënner virun der Press.

“Mir mussen eis selwer froen: wat bedeit esou een Ëmfeld a fir wat sti mir? Ech mengen, datt d’Eurovisioun weiderhi fir Fridden a Léift stoe kann, mee do brauch et nach vill Aarbecht.”

Israel: "12 points go to Luxembourg"

Mat enger 13. Positioun ass d’TALI wéi och déi Lëtzebuerger Delegatioun immens zefridden. D’TALI huet een nach méi souveränen Optrëtt wéi an der Halleffinall an an de Prouwen higeluecht. Do wier ee sech eens. Mat dëser Placéierung huet d’TALI net gerechent.

“Ech sinn esou erstaunt. Et gouf geschat, datt mir 24. Ginn an elo si mir 13. Ginn. Ech sinn esou frou, et ass verréckt. Ech sinn esou frou fir Lëtzebuerg an och fir mech.”

D'TALI backstage | © Jeff Spielmann
D'TALI backstage (Foto: Jeff Spielmann)

Datt Lëtzebuerg grad vun Israel 12 Punkte krut, erkläert sech de Chef vun der lëtzebuerger Delegatioun David Gloesener esou.

“Ech ginn awer dovun aus, datt et doru läit, datt d’TALI an Israel gebuer ass, datt hatt an Israel Famill huet, datt hatt an Israel Promo gemaach huet fir sech a fir säi Lidd, an datt et dofir déi Punkten aus Israel krut.” 

Nieft Israel krut Lëtzebuerg déi meeschte Jury-Punkten aus Irland, Aserbaidschan, Frankräich a Schweden.

Fir den David Gloesener lount et sech definitiv, datt Lëtzebuerg och d’nächst Joer erëm beim ESC matmécht. 2025 ass den Eurovision Song Contest dann an der Schwäiz. A wéi enger Stad ass awer nach ongewëss.

Lauschterenplay_arrow