Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Satellittegesellschaft SES soll neie Schwong kréien

SES

D'Satellittegesellschaft SES soll neie Schwong kréien

D’SES dierft jidderengem e Begrëff sinn. Déi Lëtzebuerger Satellittegesellschaft huet sech iwwert d’Joerzéngten als Global Player etabléiert. An de leschte Joren huet de Business sech awer massiv gewandelt, mam Opkomme vun neien Technologien an der Konkurrenz mat déckem Portmonni aus dem Ausland. D’SES huet an de leschte Jore vill vun hirem Aktiewäert verluer, d’Geschäft leeft net méi sou gutt wéi nach virun 10 Joer.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Philippe Glaesener, Spriecher a Chef vum Ressort Défense, Sécherheet an Institutiounen (Foto: Paule Rodesch)

Den 1. Februar huet den neie CEO Abdel Al-Saleh bei der SES ugefaangen a soll d’Gesellschaft nees no vir bréngen. 

Gegrënnt gouf d’SES als éischte private Satellittenoperateur an Europa 1985. Den éischte Satellit Astra 1A gouf 1988 an de Weltall geschoss. Déi Zäit als Astra bekannt, huet d’Société Européenne de Satellites den deemools gréisste Bouquet un europäeschen Tëleeschaînen ugebueden. Haut mécht d’Tëlee awer just nach ronn 50 Prozent vum Chiffre d’affaires aus.

D'Aktivitéite ginn diversifizéiert

Ganz verschwanne wäert dee Beräich awer nach laang net, mengt de Spriecher a Chef vum Ressort Défense, Sécherheet an Institutioune Philippe Glaesener.

"Firwat, ma well ganz vill Leit nach Satellittentëlee kucken. Et ginn och ganz vill Endroiten an der ganzer Welt wou d’Leit nach just Satellit hunn an nach keng Fiber, nach keng aner Moyene fir eben Tëlee ze kréien."

D’Satellittegesellschaft ass amgaang hir Aktivitéit ze diversifizéieren: 13 Prozent vum SES-Revenu maachen aktuell Telekommunikatioun a Cloud-Déngschter aus, 12 Prozent Mobilitéit, d’Aviatioun an d’Schëfffaart, an e Véirel mécht an Tëscht de Space a Verdeedegungssecteur aus.

Wëssenschaft, Katastropheschutz oder Defense

Effektiv maachen ëmmer méi Regierungen oder Institutiounen, wéi d’NATO oder d’NASA, Gebrauch vun den Zerwisser vun der SES, sief et fir wëssenschaftlech Zwecker, am Katastropheschutz oder am militäresche Beräich.

"Op Krichsschëffer, op Fligeren, Observatiounsdronen, mee awer och fir déi verschidde Campen déi d’Arméien hu kënnen ze interconnectéieren. Do gëtt ëmmer méi Bandbreet gebraucht, do gëtt ëmmer méi Donnéeën iwwerdroe vun Observations de la terre, dat heescht dat kënne Biller sinn, dat kann eng aner Zort vun Date sinn."

Dës Déngschter lafen heefeg iwwert de GovSat-Partenariat mat der Lëtzebuerger Regierung, déi selwer an iwwert déi staatlech Banken SNCI a Spuerkeess Haaptaktionär ass vun der Satellittefirma.

D'Fro vun der Sécherheet

En Vue vun der aktueller geopolitescher Lag stellt sech an deem Kontext d’Fro vun der Sécherheet. De Philippe Glaesener confirméiert, datt et ëmmer nees Versich géif ginn, fir Satellittesignaler ze stéieren. D’SES hätt awer déi néideg Moyenen, fir dat ze verhënneren. 

"Dat ass e Risk, besonnesch am militäresche Beräich oder am Defense-Beräich - an dat ass jo net ëmmer offensiv, dat ass besonnesch defensiv. Fir eis Sécherheet sinn natierlech Reseauen esou opgebaut, datt se Backupen hunn, datt mir natierlech och net nëmmen ee Site hunn, datt wann deem eppes géif geschéien, datt dann de ganze System géif zesumme falen. Dat ass ganz sécher net esou an dofir sinn eis Strukturen och iwwert d’ganz Welt verbreet."

70 Satellitten

Weltwäit beschäftegt d’SES ronn 2.000 Employéen op 20 verschidde Standuerter. Zu Betzder, deem Haaptsëtz vun der Satellittegesellschaft, schaffen iwwer 600 Leit. Vun hei aus ginn alleguer déi iwwer 70 Satellitte gesteiert an iwwerwaacht, dovunner 45 GEO-Satellitten, also geostationär Satellitten, op 36.000 Kilometer Héicht.

Zanter 2016 investéiert d’SES awer och a sougenannten O3b-Satelliten, déi am MEO, medium earth Orbit lafen, op nëmmen 8.000 Kilometer.

"Dofir dréinen se méi schnell am Fong wéi d'Äerd. Dat ass e ganz anere System, deen aner Avantagë bréngt, méi Bandbreet, méi Flexibilitéit an dofir e besseren Zerwiss un eise Clienten."

Ofhiewe vun der Konkurrenz

Net iwwerall op der Welt ass d’Connectivitéit iwwer Kabel méiglech. Op Uelegplattforme beispillsweis, Croisièresschëffer oder Fligeren. Och Emergency.lu, d’Lëtzebuerger Plattform déi a Katastrophegebitter d’Kommunikatiounsnetz esou séier wéi méiglech nees hierstellt, leeft hautdesdaags zum Deel iwwert den O3b-System. Duerch hir niddereg Héicht erméiglechen dës Satellitten och méi e staarken Internet.

Domat wëllt d’SES sech vun der Konkurrenz ophiewen. Déi kënnt ënner anerem aus den USA, vum Elon Musk senge Starlink-Satellitten. Iwwer 5.000 lafen där an Tëscht op just 2.000 Kilometer Héicht a sollen eng weltwäit Internetofdeckung bréngen. Duerch hir niddereg Héicht bräicht een dofir awer vill méi Satellitten, an d’Ofdeckung wier och net ëmmer garantéiert, hält de Philippe Glaesener do dergéint. 

Reng als Konkurrenz gesäit een den Elon Musk bei der SES iwwerdeems net. D’Lëtzebuerger Gesellschaft war 2013 den éischte kommerzielle Client vu Space X a léisst seng Satellitten haut bal nëmme vun der amerikanescher Firma an den Orbit bréngen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wëssenschaft