Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Rotondes gesi kee Grond, den ëmstriddene US-Kënschtler John Maus auszelueden

Kultur

D’Rotondes gesi kee Grond, den ëmstriddene US-Kënschtler John Maus auszelueden

Zejoert war den US-Museker zu New York vun engem Festival ausgeluede ginn. Dat ënnert anerem, well hien de 6. Januar 2021 bei den Demonstratioune virum Stuerm op d’Kapitol derbäi war.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Photoshot | -

Et gëtt e Video, op der Plattform X, vum 7. Januar an deem een den John Maus gesäit, deen op der Demonstratioun virum Stuerm op d’Kapitol deel hëlt.

Et fënnt een och eng Foto, wou den John Maus an engem Hotelzëmmer ass, zesumme mam ëmstriddene Museker Ariel Pink an der Filmregisseurin Alex Lee Moyers. Ënnert der Foto: de Kommentar “Den Dag op deem mer bal gestuerwe sinn, ma amplaz eng gutt Zäit haten”.

Verbindungen zu alt-right Gruppéierungen

Souwuel beim John Maus wéi och bei sengem Kolleg Ariel Pink fënnt een ëmmer nees Verbindungen zu ëmstriddene rietskonservativen alt-right Sympathisanten a Gruppéierungen.

Vun de Rotondes selwer heescht et op eis Nofro hin, den John Maus hätt schonn 2018 sollten op Lëtzebuerg kommen. Opgrond vum Dout vu sengem Brudder wier deen Optrëtt ofgesot ginn. Aktuell ass hien op Festivalstournée, ënnert anerem duerch Polen an Tschechien.

Den Artist dementéiert seng Präsenz bei Demonstratiounen

D’Rotondes hunn och e Statement vum John Maus sengem Management weidergeleet – dora gëtt dementéiert, datt hie bei der Demonstratioun derbäi gewiescht wier. D’Filmregisseurin wier do gewiescht fir d’Demonstratiounen ze dokumentéieren an hätt den John Maus fir e Meeting invitéiert. Op dee Meeting virum Kapitol wärend den Demonstratioune stattfonnt huet, oder eventuell awer am Hotelzëmmer, a wat den Ariel Pink do gemaach huet, gëtt iwwerdeems net präziséiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Musek