Radioen

On air

9 bis 1  |  The Roots - The Seed

play_arrow Live
search

/ D‘Procureure générale d‘Etat Martine Solovieff geet Ufank 2025 an d‘Pensioun

Justiz

D‘Procureure générale d‘Etat Martine Solovieff geet Ufank 2025 an d‘Pensioun

Wiessel un der Spëtzt vum Parquet General: D‘Procureur général d‘Etat Martine Solovieff géif den 1. Februar an d‘Pensioun goen, mellt RTL. Eng entspriechend Demande wier iwwer groussherzoglechen Arrêté guttgeheescht ginn.

auto_stories

1 min

Martine Solovieff | © Chris Zeien
Martine Solovieff (Foto: Chris Zeien)

Wien hir Successioun iwwerhëlt ass nach net gewosst. D‘Martine Solovieff war zënter 2015 Procureur général d‘Etat. Si war an der Successioun vum Roby Biever op de Posten nominéiert ginn. Zënter leschtem Joer ass si och Presidentin vum neie Conseil national de la Justice. Och do muss deemno een Nofollger fir si fonnt ginn.