Radioen

On air

Vue sur mer  |  Cathal Murphy - Emotional Disco

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut gëtt an den USA gewielt

US-Walkampf

Haut gëtt an den USA gewielt

Ronn 200 Millioune Wieler an den USA decidéieren haut um Dënschdeg doriwwer, ob d’demokratesch Vize-Presidentin Kamala Harris oder awer de republikaneschen Ex-President Donald Trump President vun de Vereenegte State gëtt.

auto_stories

4 min

Virun engem Walbüro zu Prospect Heights, NY. | © Claire Barthelemy
Virun engem Walbüro zu Prospect Heights, NY. (Foto: Claire Barthelemy)

Bis den Dënschdeg de Moie fréi eiser Zäit hunn déi zwee Kandidaten hir lescht Walmeetingen ofgehalen. D’Kamala Harris sot zu Philadelphia am US-Staat Pennsylvania, all Stëmm géif zielen, iwwerdeems den Donald Trump zu Grand Rapids am Staat Michigan gemengt huet, hie géif Amerika an d’Welt zu neien Héichte féieren. Vill Wieler hunn hir Stëmm awer schonn am Virfeld ofginn, wéi den "Election Lab" vun der Universitéit Florida matdeelt. Ronn 83 Milliounen US-Bierger hu schonn iwwer Bréifwal hir Stëmm ofginn oder an de Wallokaler déi schonn am Virfeld opgemaach haten. Dat wier méi ewéi Hallschent vun de Stëmmen déi am Ganze bei der Presidentschaftswal 2020 verdeelt gi sinn. Bis d‘Stëmmen all ausgezielt sinn, kéint et nach e puer Deeg daueren.

© Consolidated News Photos
(Foto: Consolidated News Photos)

Schicksalswal?

Mat der Kamala Harris wëllt eng Fra déi éischt amerikanesch Presidentin ginn. Den 78 Joer alen Donald Trump wëllt dogéint nom Mandat 2017 bis 2021 eng zweete Kéier an d'Wäisst Haus. Bis elo zeechent sech eng ganz knapp Course of. Vill Observateure schwätze vun enger Schicksalswal, well de politeschen Enjeu an d'Konsequenzen och fir Europa grouss kéinte sinn.

Definitiv Walresultater sti warscheinlech net direkt fest

Nieft dem President gëtt och en Drëttel vun de Sëtzer am Representantenhaus nei gewielt. D'Walbüroe ginn an der Mëttesstonn eiser Zäit op, et ass éischter onwarscheinlech, datt de Mëttwoch de Moie schonn e Gewënner feststeet. Observateuren no kéint et e puer Deeg daueren, bis d'Schlussresultat bekannt gëtt. 2020 hat et véier Deeg gedauert, bis datt den Joe Biden als Walgewënner feststoung, 2016 konnt den Donald Trump schonn no der Walnuecht seng Victoire iwwer d'Hillary Clinton feieren. Am Joer 2000 dogéint huet den George W. Bush bis den 12. Dezember misse waarden, deemools hat a Florida missen nogezielt ginn. 

Fir den Ofschloss hat d'Kamala Harris nach eemol véier Optrëtter am Swing State Pennsylvania, den Donald Trump huet donieft och nach North Carolina a Michigan besicht.

“Let’s make history,” sot eng eeler Fra, wéi si aus dem Walbüro rauskomm ass. | © Claire Barthelemy
“Let’s make history,” sot eng eeler Fra, wéi si aus dem Walbüro rauskomm ass. (Foto: Claire Barthelemy)

Geheimdéngschter warne viru russesche Manipulatiounsversich

Virun de Presidentschaftswalen hunn amerikanesch Geheimdéngschter nach eemol virun de Manipulatiounsversich vu Russland gewarnt. Russland géif aktiv agräifen a Videoen a gefälschten Artikele produzéiere fir d'Legitimitéit vun de Walen a Fro ze stellen, heescht et. Déi schonn opgeluede Stëmmung sollt deemno weider provozéiert ginn an zu Gewaltdote féieren, warnen d‘Geheimdéngschter.

Och zu Lëtzebuerg gëtt gewielt

Zu Lëtzebuerg sinn iwwerdeems 1.772 Persounen iwwer 18 Joer al an hunn déi us-amerikanesch Nationalitéit an déi deemno walberechtegt sinn. Dozou kommen dann nach 513 Persoune mat Lëtzebuerger an US-amerikanescher Nationalitéit, sou wéi 157 Persounen mat enger anerer Nationalitéit an der amerikanescher.

Insgesamt liewen also 2.442 Persounen zu Lëtzebuerg, déi iwwer 18 Joer al sinn, an déi US-amerikanesch Nationalitéit hunn a bei dëse Wale matmaache dierfen.