Radioen

On air

Notturno  |  Maka Mc - Balkonien Feat. David Fluit

play_arrow Live
search

/ D'Post huet 2024 ee Benefice vu 50 Milliounen Euro gemaach

Joresrapport 2024

D'Post huet 2024 ee Benefice vu 50 Milliounen Euro gemaach

D’Post huet zejoert een Nettobenefice vu 50 Milliounen Euro gemaach. Dat ass ee Réckgang vu 7 Milliounen Euro am Verglach mam Joer virdrun. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Post ervir, deen de Moien der Press virgestallt gouf.

auto_stories

1 min

De Claude Strasser (lénks) an de Serge Allegrezza (riets). | © POST Luxembourg / Anthony Dehez
De Claude Strasser (lénks) an de Serge Allegrezza (riets). (Foto: POST Luxembourg / Anthony Dehez)

Den Ëmsaz ass 2024 quasi d‘selwecht bliwwen: Bei 978Milliounen Euro. Dat ass weiderhin haaptsächlech den Telecom- an ICT-Aktivitéiten ze verdanken. 

Et goufen 131 Milliounen Euro investéiert. Dat wier den niddregsten Niveau vun Investissementer iwwer déi lescht 5 Joer gekuckt, seet de Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post. Et misst een awer dobäi bedenken, datt de Bau vum neie Post-Gebai op der Gare fir vill Käschte gesuergt huet. 

Zejoert ware 4.518 Persoune bei der Post agestallt. Eng Zuel, déi iwwer déi lescht 5 Joer relativ stabil bliwwen ass. 

Net optimistesch fir d’Zukunft

D’Bréifpost ass wéi schonn zënter 2012 weiderhi réckleefeg. De Volume vun de Päck geet awer konstant an d’Luucht. De Service Pack Up Home huet sech am Verglach zu 2023 bal verdräifacht. 

Generell wier ee mam Resultat vun 2024 zefridden. Fir 2025 wier een awer manner optimistesch, erkläert de Generaldirekter Claude Strasser.

“Erkläert duerch déi Zënnssituatioun, déi sech erëm verschlechtert fir eis an eng gesamt ekonomesch Situatioun, déi net extra gutt ass.”

Déi international Konflikter an d’Bourse géifen do eng Roll spillen, esou nach de Claude Strasser.