search

/ D'Partei vum Bolsonaro erkennt hir Wal-Defaite géint de Lula un, hie selwer awer net

Brasilien

|
reading time

1 min

D'Partei vum Bolsonaro erkennt hir Wal-Defaite géint de Lula un, hie selwer awer net

A Brasilien huet déi rietsextreem Partei vum Flávio Bolsonaro d'Walvictoire vum politesch lénks geriichte President Lula unerkannt. De Flávio Bolsonaro awer nach net. Hien huet seng Strategie geännert a wëllt elo net méi d‘Walresultat selwer, mee dem Lula säi Walkampf juristesch iwwerpréiwe loossen.

reading time

1 min

Gläichzäiteg huet dat Iewescht Geriicht de Bolsonaro opgefuerdert, seng Päss ofzeginn. Hien däerf d‘Land bis op Weideres net méi verloossen. Hannergrond sinn Ermëttlunge wéinst dem Verdacht op Wäisswäsche vu Suen, ënner anerem an Zesummenhang mat Sportswetten.

Trump weiderhin hanner dem Bolsonaro 

Nodeems de Lula bei der éischter Ronn nach hanner dem Bolsonaro erauskomm ass, konnt hie sech d'Victoire mat 51,79 Prozent vun de Stëmme sécheren a gëtt fir d'véierte Kéier brasilianesche President.

A senger Erklärung no der Victoire huet de Lula versprach, seng Regierungsféierung ze änneren, an datt een eng Amëschung vu baussen iwwerwonnen hätt.

Domat bezitt hie sech ënner anerem op dem US-President Donald Trump seng Ënnerstëtzung fir de Bolsonaro. Och deen huet no der Wal-Victoire vum Lula fonnt, d'Walen hätte fir hie manipuléiert ausgesinn.