Déi Decisioun wier geholl ginn, well dës Membere méi dacks an op verschidde Manéiere probéiert hätten Decisioune vun de Parteigremien duerch d'Verbreede vu Falschinformatiounen ze beaflossen an dobäi zum Deel vertraulech an intern Informatiounen no bausse gedroen hätten. Dat schreift d'Partei de Méindeg den Owend an engem Communiqué.
Dobäi wiere Membere vu Parteigremië bewosst belu ginn, sou d'Partei weider. Et wieren och Entscheedunge vu gewielte Parteiorganer a Fro gestallt ginn an et wier souguer probéiert ginn intern Diskussiounen a Parteigremië mat engem Smartphone opzehuelen. Ëm wien et sech bei den dräi Parteimemberen handelt, déi elo ausgeschloss goufen, geet net aus dem Fokus-Communiqué ervir.
Reporter.lu hat rezent gemellt, datt et an der Partei géif rumoueren. Et war rieds vun intransparente Parteiefinanzen a vun engem bezuelte Berodervertrag vum Frank Engel, iwwer deen d'Basis vun der Partei net informéiert gewiescht wier. D'Parteiféierung hat sech deemools hannert de Frank Engel gestallt vu "peinleche Virfäll" a vun "eenzelne frustréierte Parteimemberen" geschwat, déi d'Entscheedunge vun der Parteiféierung a Fro gestallt hätten.
De Fokus-Parteipresident Marc Ruppert sot viru ronn enger Woch am 100,7-Interview, datt et déi Praxis vu Beroderverträg am Ausland scho laang géif ginn an d'Diskussioun do ronderëm wier éischter eng "Campagne géint de Frank Engel perséinlech".