Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nominatioun vun de Kommissären: Keng reng national, mee eng europäesch Saach

Europawalen

Nominatioun vun de Kommissären: Keng reng national, mee eng europäesch Saach

Den Nicolas Schmit wier net ouni Chance fir e Posten an der Kommissioun. Där Iwwerzeegung ass de Jean Asselborn am 100,7-Interview. An enger pro-europäescher Koalitioun kéint et net sinn, datt d‘Sozialdemokrate just 2 vu 27 Membere stellen.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

Déi breet Koalitioun vun de pro-europäesche Parteien, déi hie sech fir déi nächst 5 Joer wënscht, misst sech och an der Zesummesetzung vun der neier Kommissioun erëmspigelen.

„Wa mir wëllen an Europa eng Koalitioun bilden, déi Europa erëm op eng aner Schinn bréngt, da muss et och tëscht deenen zwou grousse politesche Familljen e Konsens ginn.“

Den Nicolas Schmit hät eng gutt Positioun verdéngt

Fir dee Konsens wiere Konditiounen ze erfëllen. Et kéint net sinn, datt vu 27 Kommissären herno just zwee vun de Sozialisten a Sozialdemokrate wieren.

No senger gudder Aarbecht als Kommissär an de leschte 5 Joer an där gelongener europäescher Walcampagne, hätt den Nicolas Schmit e gudde Posten an der nächster Kommissioun verdéngt. An hie wier och net ouni Chance, deen ze kréien, fënnt de fréieren Ausseminister.

D‘Nominéierung vun de Kommissären ass net eng reng national Saach, mee eng europäesch Saach, betount de Jean Asselborn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen