D’NATO feiert haut zu Bréissel hire 75. Gebuertsdag. Mat dobäi sinn d’Ausseministere vun den 32 Memberstaaten, dorënner och de Xavier Bettel.
D’NATO ass de 4. Abrëll 1949 zu Washington gegrënnt ginn. Dat als Reaktioun op d’Politik vun der deemoleger Sowjetunioun.
Bei der NATO zu Bréissel ass haut och ee Gespréich mam ukraineschen Ausseminister geplangt. Gëschter um Mëttwoch haten d’NATO-Ausseministere schonn iwwer weider Hëllef fir d’Ukrain diskutéiert.
🗓️ #OnThisDay 4 April 1949: 🇧🇪Belgium 🇨🇦Canada 🇩🇰Denmark 🇫🇷France 🇮🇸Iceland 🇮🇹Italy 🇱🇺Luxembourg 🇳🇱the Netherlands 🇳🇴Norway 🇵🇹Portugal 🇬🇧the United Kingdom and 🇺🇸the United States founded NATO.
— NATO (@NATO) April 4, 2024
These founding members signed the North Atlantic Treaty, and NATO was born.
Take a… pic.twitter.com/9BXpzM3DhR
Um Bord vun de Festivitéite fir de 75. Anniversaire vun der NATO huet den ukraineschen Ausseminister vun den NATO-Staate méi Fluchofwierrakéite gefuerdert. D’Ukrain war och déi lescht Nuecht erëm d’Zil vu russeschen Dronen-Attacken.