Den Nationalcomité hätt unanime gréng Luucht dofir ginn, huet de Parteipresident Marc Ruppert gëschter Owend op X matgedeelt.
No grëndlechen Gespréicher huet de Nationalcomité vu @FokusLetzebuerg den Owend eestëmmeg decidéiert d'@MonicaSemedoLux mat op eis Europalëscht ze huelen...zesumme matt engem staarke Walprogramm a Kandidatelëscht. More to come!
— Marc Ruppert (@RuppertMarc) February 23, 2024
D‘Monica Semedo hat d‘DP 2021 verlooss, kuerz nodeems si wéinst psychologeschem Harcèlement vu Mataarbechter am Europaparlament sanktionéiert gi war. Zanterhir ass si als onofhängeg Deputéiert zu Stroossbuerg, als Member vun der liberaler Fraktioun, déi sech „Renew Europe“ nennt. Am Abrëll zejoert huet d‘Presidentin vum Europaparlament d‘Monica Semedo eng weider Kéier wéinst Mobbing wärend 10 Deeg aus dem Parlament ausgeschloss. D‘Europadeputéiert hat doropshin eng Plainte beim Europäesche Geriichtshaff géint déi Decisioun gemaach.