Radioen

On air

Moiesstudio  |  Ten Fé - Any Time Soon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Kämpf an der russescher Grenzregioun Kursk gi weider

Krich an der Ukrain

D‘Kämpf an der russescher Grenzregioun Kursk gi weider

Dausenden ukrainesch Zaldoten huelen un der Offensiv an der russescher Grenzregioun Kursk deel. Zil vun der Operatioun wier et, fir déi russesch Arméi auserneen ze zéien an d‘Situatioun a Russland ze destabiliséieren. Dat sot en héije Responsabelen aus dem Sécherheetssecteur der franséischer Presseagence.

auto_stories

1 min

© picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey
Foto: picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey

Et sinn déi éischt Detailer, déi ronderëm déi ukrainesch Offensiv bekannt ginn. Moskau wier net capabel, seng eege Grenzen ze schützen an et wéilt een de Krich op russeschen Territoire deplacéieren, sou déi anonym Source. D‘Moral an der Ukrain wier duerch dës Operatioun däitlech an d‘Luucht gaangen. Déi russesch Offensiv am Oste vun der Ukrain hätt allerdéngs bis ewell net kënne geschwächt ginn.

Moskau huet de Samschdeg eng 76.000 Zivilisten aus Kursk evakuéiert an an anere Géigenden am Land ënnerbruecht. An der Nuecht op e Sonndeg koum et iwwerdeems zu enger russescher Géigenattack op Kiew, dobäi koumen zwee Zivilisten ëm d‘Liewen.