Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - People Are Pissed

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Héichwaasser huet Deeler vun Däitschland weider fest am Grëff

Am Norden an Oste vum Land

D'Héichwaasser huet Deeler vun Däitschland weider fest am Grëff

A groussen Deeler vun Däitschland, virun allem am Norden an am Osten, bleift d‘Situatioun vum Héichwaasser kritesch.

auto_stories

1 min

© dpa | Andreas Arnold
(Foto: dpa | Andreas Arnold)

Zu Dresden soll d‘Elbe haut iwwer d‘6-Meter-Mark klammen. Fir Waasser oflafen ze loosse gouf déi sougenannte Pretziener Wehr fir d‘éischte Kéier zanter zéng Joer opgemaach. Ee Kanal, mat deem d‘Waasser aus der Elbe laanscht Magdeburg geleet gëtt.

Bei der Stad Bremen ass en Damm gebrach. Dosende Leit hunn hir Haiser misse verloossen.

An Niedersachsen sinn e puer Honnert 300 Awunner an der Gemeng Winsen aus hire Wunnengen evakuéiert ginn. E puer Landkreeser an Niedersachsen hunn déi éischt Stuf vum Katastrophen-Alarm declenchéiert, doduerch ka méi séier Hëllef disponibel gemaach ginn.

Déi Hëllef wier allerdéngs net ëmmer sou evident, bekloen sech d‘Pompjeeën. Et géif ëmmer rëm virkommen, dass d‘Pompjeeën net uerdentlech kéinte schaffen, well Leit Probleemer maachen, sou de President vum däitsche Pompjeesverband Karl-Heinz Banse.