Beim Buedemasaz gëschter wieren och siwen israeelesch Zaldote gefall, wat d‘Zuel vun den Doudesaffer an de Reie vun der israeelescher Arméi elo op 152 erop dréckt, wéi déi israeelesch Arméi de Moie matgedeelt huet.
D‘Arméi konzentréiert sech beim Buedemasaz eegnen Aussoen no op d‘Tunnelnetz, dat déi radikal Hamas an de leschte Joren opgebaut huet. D‘Zerstéierung vun deem Netz wier opwendeg, esou déi israeelesch Arméi.
Israel geet dovunner aus, datt sech an deenen Tunnellen nach vill Hamaskämpfer ophalen.
Joe Biden telefonéiert mam Netanjahu
Den amerikanesche President Joe Biden huet iwwerdeems gëschter mam israeeleschen Premier Benjamin Netanjahu telefonéiert an nach emol un deen appelléiert, d‘Zivilisten an der Gazasträif ze schützen. Och déi humanitär Aarbechter um Terrain misste protegéiert ginn, esou de Biden.
Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif ass desastréis: all véierte Palestinenser riskéiert duerch Honger ze stierwen. Déi Informatioun kënnt vun de Vereenten Natiounen.