Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi hunn d'Fraktiounen am Europaparlament ofgeschnidden?

Virleefege Bilan

Wéi hunn d'Fraktiounen am Europaparlament ofgeschnidden?

Klore Gewënner vun dësen Europawalen ass d’EVP, mat - dem leschte Stand no - 184 Sëtz zu Stroossbuerg. D’Chancë fir eng zweet Amtszäit als Kommissiounspresidentin stinn deemno gutt fir d’EVP-Spëtzekandidatin an CDU-Politikerin Ursula von der Leyen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: European Parliament

D’Sozialdemokrate bleiwen den Héichrechnungen no zweetstäerkste Kraaft am Europaparlament, mat 139 Mandater. Dono kommen déi Liberal, déi allerdéngs vun 102 op 80 Sëtz eroffalen.

Däitlech verluer hunn och déi Gréng, déi wuel eng 20 Mandater verléieren a just nach op 52 Sëtz kéimen.

Riets Parteien hu kloer zougeluecht

Kloer zougeluecht hunn dogéint déi riets Parteien, virop de Rassemblement National a Frankräich, wou de President Emmanuel Macron opgrond vun der héijer Defaite vu senger eegener Partei hënt schonn Neiwalen am Land ugekënnegt huet.

An Italie war et mat ronn 28 Prozent vun de Stëmmen eng däitlech Victoire vun der rietser Premierministesch Giorgia Meloni an hirer Partei Fratelli d’Italia, am Verglach mat 2019 huet hir Partei sech ëm méi wéi 20 Prozentpunkte verbessert.

An Éisträich gouf d’FPÖ stäerkste Kraaft. Déi rietspopulistesch Fraktiounen am Europaparlament EKR an ID kréichen de leschten Héichrechnungen no zesummen 13 Sëtz bäi.

A Polen a Portugal konnte sech riets Parteien net duerchsetzen

Esouguer wann alleguerten déi riets Parteien - d’AfD beispillsweis ass fraktiounslos - sech géifen zesummeschléissen, kéime si viraussiichtlech op manner wéi 200 Sëtz.

Déi riets Parteie konnten och net iwwerall an Europa zouleeën.

An Ungarn ass déi rietspopulistesch Fidesz-Partei vum Premier Viktor Orban zwar stäerkste Kraaft bliwwen, huet awer däitlech Fiedere gelooss. Déi nei Partei Respekt a Fräiheet vum Peter Magyar koum aus dem Stand eraus op iwwer 30 Prozent vun de Stëmmen.

A Portugal hunn déi oppositionell Sozialisten d’Nues knapp vir mat 32 Prozent. Déi rietspopulistesch Chega huet bei hirer éischter Participatioun un Europawalen 9,8 Prozent kritt, bei de Parlamentswalen a Portugal am Mäerz war d’Partei mat iwwer 18 Prozent vun de Stëmmen nach drëttstäerkste Kraaft ginn.

EVP: Zesummenaarbecht mat S&D a Renew?

Dat proeuropäescht Lager behält domat eng däitlech Majoritéit. Wéi schonn 2019 kommen EVP an déi sozialdemokratesch S&D zu zwee allerdéngs net op déi néideg Unzuel vun 361 Sëtz. D’Ursula von der Leyen huet gëschter Owend schonn ugekënnegt, datt si nieft der S&D och mat der liberaler Renew iwwer eng méiglech Zesummenaarbecht am Parlament wéilt schwätzen.

Déi dräi Gruppéierunge kéimen zesummen op iwwer 400 Mandater. Ma och eng Kooperatioun mat der rietser EKR oder eenzele rietse Parteien ass méiglech. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen