Radioen

On air

De Weekend  |  Penelope Isles - Terrified

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D’Emaischen an d'Péckvillercher: Hir Geschicht an hir Symbolik

Emaischen

D’Emaischen an d'Péckvillercher: Hir Geschicht an hir Symbolik

D‘Emaischen an d‘Péckvillercher sinn net vuneneen ze trennen. Historesch gesinn hu se zwar ënnerschiddlech Urspréng. Am Laf vun der Zäit hu se awer zu Lëtzebuerg hire Wee zesummefonnt.

auto_stories

3 min

headphones

21 min

play_arrow
D'Romy Weydert an de Robert Philippart (Foto: Maurice Molitor)

D‘Aulebäcker an Aulebäckerinnen: Esou nenne sech d‘Leit, déi Péckvillercher hierstellen. D‘Romy Weydert ass esou eng Aulebäckesch a mécht zanter 1996 Péckvillercher fir d‘Emaischen.

D'Symbol vun der Emaischen

All Joer mécht si eng nei Koppel Villercher, déi et och zu Lëtzebuerg gëtt. Dëst Joer huet si 200 Koppele Panewippercher (op däitsch Bachstelze) gemaach.

Hir Modeller mécht si op Basis vu ganz ville Fotoen a Beschreiwunge vu Villercher. Dorauser mécht si dann eng huel Gipseform, déi gegoss gëtt. Do kënnt dann d‘Päif dran. Déi gëtt och allkéiers getest, betount d‘Romy Weydert. Am Uewe ginn d‘Péckvillercher zweemol gebrannt. Eng Kéier op 950 Grad an eng Kéier op 1.050 Grad, wärend 5-7 Stonnen. D‘Molen ass de leschte Schrëtt an och déi gréissten Aarbecht.

De Péckvillchen ass d‘Symbol vun der Emaischen. En huet awer kee lëtzebuergeschen Ursprong. Den Historiker Robert Philippart erkläert, datt de Péckvillchen als Fruchtbarkeetszeeche bis an d‘Antik zeréckgeet.

D'Volleksfest Emaischen

Typesch Lëtzebuergesch ass dogéint awer d'Emaischen. Si huet ugefaangen als funktionelle Maart virun der Méchelskierch an der Stad, op där d‘Aulebäcker hir Dëppe verkaf hunn. Dat war och schonn ëmmer op Ouschterméindeg.

Den Numm Emaischen kënnt vun "Emaus“: Am neien Testament ass dat d‘Uertschaft, an där zwee Jünger dem Jesus begéint sinn, deen operstanen ass.

Ufank vum 19. Joerhonnert gouf d‘Emaischen zu engem Kannerfest, op deem et dann och ënner anerem Péckvillercher fir d‘Kanner gouf.

Wärend dem Zweete Weltkrich war et e patriotescht Fest, dat déi däitsch Besatzer wollten ewechhuelen. Zanter 1946 ass d‘Emaischen dat grousst Volleksfest, wéi mir et haut kennen.

Lauschterenplay_arrow

Kultur
Politik a Gesellschaft
Interview